En illegale PAG-Vott zu Gréiwemaacher?

Ass et beim rezente PAG-Vott zu Gréiwemaacher zu enger Illegalitéit komm? De Jeff Engelen freet d’Banneministesch.

Fro:

Am Zesummenhang mam Vott vum PAG duerch de Gemengerot vun der Stad Gréiwemaacher kéint, eisen Informatiounen no, d’Grenz zur Illegalitéit iwwerschratt gi sinn, well verschidde Concernéierter selwer mat ofgestëmmt hätten. Am Intressi vun de Bierger a vun der Glafwierdegkeet vun der Politik wier et wichteg, hei kloer Informatiounen ze kréien.

Dofir hunn ech folgend Froen un d’Madamm Minister:

  • Kann d‘Madamm Minister confirméieren, datt beim Vott vum PAG vu Gréiwemaacher de Buergermeeschter an zwee Gemengeréit mat ofgestëmmt hunn, obschonns si selwer bzw. no Familljememberen direkt concernéiert waren?
  • Wann dat zoutrëfft, wisou hunn d’Servicer vum Banneministère dat duerchgoe gelooss?
  • Wat fir Konsequenzen hätt dat fir d’Validitéit vum PAG Gréiwemaacher?
  • Wat fir Konsequenzen huet dat fir déi Persounen, déi sech, sollt dat confirméiert ginn, enger Illegalitéit schëlleg gemaach hunn?

Äntwert:

Den Inneministère ka confirméieren, datt de ganze Gemengerot beim Vott iwwert d’Unhuele vum allgemenge Bebauungsplang vun der Stad Gréiwemaacher mat ofgestëmmt huet.
Dem Inneministère leie no der Analys vum Dossier an der Récksprooch mat der Gemeng keng Elementer vir, déi géingen drop hiweisen, datt d’Dispositioune vum Artikel 20 vum ofgeännerte Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 net respektéiert gi wieren.
Fir d’Froen 3 an 4, verweisen ech op d’Äntwert zur d’parlamentaresch Fro n° 1220 vun 2019, vum honorabelen Deputéierte Fernand Kartheiser.

 

 

Deel dëse Post: