En EuGH-Urteel mat Konsequenzen

Affekote mussen an Zukunft hire Clienten en Devis ausstellen, well hir Rechnunge soss net kloer a verständlech genuch fir de Konsument kéinte sinn. Dozou huet de Roy Reding puer Froen un d’Regierung:

Fro:

Den Europäesche Geriichtshaff huet an enger Pressematdeelung vum 12. Januar 2023 betreffend d’Urteel vum EuGH an der Affär C-395/21 matgedeelt, datt Affekoten an Zukunft hire Clienten en Devis ausstelle mussen, well hir Rechnunge soss net kloer a verständlech genuch fir de Konsument kéinte sinn. An der Pressematdeelung heescht et:

« La Cour constate qu’une clause d’un contrat de prestation de services juridiques fixant le prix selon le principe du tarif horaire, en l’absence d’informations préalablement communiquées au consommateur lui permettant de prendre sa décision avec prudence et en toute connaissance des conséquences économiques qu’entraîne la conclusion de ce contrat, ne répond pas à l’exigence de rédaction claire et compréhensible au sens de droit de l’Union. »

An deem Zesummenhang hunn ech folgend Froen un d’Madamm Minister:

  • Kann d’Madamm Minister Informatiounen dozou ginn, wéi dëst Urteel vum Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg ëmgesat wäert ginn?
  • Verfüügt d’Madamm Minister iwwer Informatiounen doriwwer, wéi de Barreau zu dëser Decisioun steet?
  • Ginn et Iwwerleeunge bei der Regierung, fir e Sträitwäert ze fixéieren, deen d’Affekotekäschte kloer regléiert? Wann nee, wéi eng Argumenter schwätze géint dës Iddi?
  • Gëtt dru geduecht, fir hei am Land eng Tabell vun den Alimenter festzesetzen? Wann nee, wéi eng Argumenter schwätze géint esou eng Mesure?

Äntwert:

Froen 1 an 2
Wat d’Froen 1 an 2 ugeet, huet den Europäeschen Geriichtshaff festgehalen datt an der Relatioun
tëscht engem Affekot an engem Konsument en Accord, deen nëmmen den applicabelen Stonnentarif
fir d’Servicer vum Affekot ugëtt, net den Ufuerderunge vum Artikel 4 Paragraph 2 vun der
modifiéierter europäescher Direktiv 93/13 entsprécht, well de Konsument am viraus muss opgrond
vun präzisen Kritären déi wirtschaftlech Konsequenzen bewäerten kënnen, déi fir hien am Kader vun
der Ausübung vum Mandat duerch den Affekot wäerten entstoen.
Den Europäeschen Geriichtshaff huet och festgehaalen (Punkt 41 vum Uerteel), datt wéinst der Natur
vun de Servicer, déi vun den Affekoten geliwwert ginn, et dacks schwéier bis onméiglech ass fir
virauszesoen wéivill Zait wäert néideg sinn fir den gefroten Déngscht ze liwweren respektiv op wéivill
sech d’Gesamtkäschten fir den Client wäerten belafen.
Den Europäeschen Geriichtshaff huet e puer Pisten opgezeechent, déi d’Konformitéit mat der
Transparenzfuerderung erméiglechen, déi vum europäesche Recht virgesinn ass.
Sou huet den Europäeschen Geriichtshaff drop higewisen, datt d’Informatiounen zum Stonnentarif
vum Affekot kënnen ergänzt ginn entweder duerch eng Schätzung vun der absehbarer Unzuel u
Stonnen, déi den Affekot wäert mussen schaffen, oder duerch eng Indikatioun vun enger Mindestzuel
vun Aarbecht déi den Affekot erwaart mussen ze maachen, oder duerch eng Verpflichtung vum
Affekot, mat raisonnabelen Intervallen Rechnungen oder periodesch Relevé‘en ze schécken, déi d’Zuel
vun de geschaffte Stonnen uginn.
Dës Ufuerderunge sinn schonn am Règlement intérieur de l’Ordre des Avocats vum Barreau
Lëtzebuerg (nodréiglech “RIO”) am Artikel 2.4.5 virgesinn, andems ënner anerem vum Affekot
verlaangt gëtt, datt en séngem Mandant am éischten Gespréich matdeelt wéi eng Method hie wäert
benotze fir seng Fraisen a Käschten ze berechnen.
Déi selwecht Bestëmmung vum R.I.O. gesäit och vir, datt den Affekot seng Clienten iwwer all Ännerung
vun der Berechnungsmethod informéiert muss halen, an datt hien de Clienten all nëtzlech
Informatioun betreffend d’Uwendung an der Praxis vun der Berechnungsmethod muss ginn.
Et ass also a priori keng legislativ Interventioun néideg, fir desem Uertdeel gerecht ze ginn.

Fro 3
Et gëtt aktuell keng Iwwerléungen fir en obligatoreschen Tarif fir d’Affekoten anzeféiren, deen um
Sträitwäert baséiert.
Souwuel den Artikel 38 vum Gesetz iwwert de Beruff vum Affekot wéi den Artikel 2.4.5. RIO forcéiren
aktuell den Affekot, wann en säin Stonnentarif fixéiert, net nëmmen den Sträitwäert mee och den
Schwieregkeetsgrad vum Dossier, d’Resultat, d’finanziell Situatioun vum Client, d’Erfahrung vum
mandatéierten Affekot an sain Ruff ze berücksichtegen.

Fro 4
Betreffend d‘Ënnerhaltszuelungen tëscht fréieren „Conjoints“ ass net geplangt esou e Barème
virzegesinn. De Familljeriichter kuckt, fir d‘Alimenter ze fixéiren, déi konkret Emstänn vun all Famill a
ka soumat all Situatioun individuell Rechnung droën.

 

Deel dëse Post: