En Atadr vum Dokter gëtt net berécksiichtegt?

Et sinn Dokteren, déi hire Patienten en Atadr fir d’Impfung ausstellen, an deem de Gesondheetszoustand an d’Grondlag vu relevante medezineschen Date vum Patient berécksiichtegt ginn, fir en Impfstoff ze recommandéiere bezéiungsweis dovun ofzeroden. D’Impfpersonal am Impfzenter géing dës Atadrer awer net respektéieren, heescht et. Der Santé no soll de Grond dee sinn, “datt net genuch Impfmëttel vun allen Hiersteller verfügbar sinn”, fir dorop Récksiicht ze huelen.

An deem Kontext huet de Jeff Engelen eng Rei Froen un d’Gesondheetsministesch an de Premierminister gestallt, fir d’Transparenz an d’Organisatioun vun der Impfprozedur ze hannerfroen.

 

Deel dëse Post: