En Architekturmusée zu Lëtzebuerg

Mir hu wäertvoll Konschtmuséeën zu Lëtzebuerg, awer nach keen eegestännegen Architekturmusée. Dozou huet d’Alexandra Schoos e puer Froen un de Kulturminister.

Fro:

Grënnunge vun eegestännegen Architekturmuséeë sinn an deene meeschte Länner eng Kompetenz vum Staat. Wann een an d’Geschicht kuckt, goufe schonn a fréier Neizäit architektonesch Dokumenter gesammelt, mee déi meescht Grënnunge vu staatlechen Architekturmuséeë datéieren aus der Zäit nom Zweete Weltkrich bzw., méi rezent, nom Kale Krich (Beispiller: 1949 Helsinki, 1962 Stockholm, 1969 Kopenhagen, Bréissel a Paräis, 1993 Rotterdam). Obscho mir a Gestalt vum „Luxembourg Center for Architecture“ (LUCA) en Archiv hunn, dat Dokumenter, Zeechnungen, Pläng an aner Materialien am Zesummenhang mat der Architekturgeschicht vu Lëtzebuerg hunn, ersetzt dës privat Fondatioun ouni Gewënnzweck kee staatlechen Architekturmusée, deen architekturbezu Wierker systematesch sammelen, archivéieren a stockéiere géif.

An der Conclusioun vun hirem “Avis joint” vum 15. Abrëll 2024, deen d’VLA an d’ALBAD am Kader vun der “Consultation publique relative à la loi modifiée du 17 août 2018 relative à l’archivage” op hirem Site publizéiert hunn, bréngen dës béid Associatiounen e Mëssstand zum Ausdrock, deen zwar just indirekt hire Beruffsstand, mat Sécherheet awer eise Patrimoine, konkret: eisen architektonesche Patrimoine betrëfft: “Nous notons en outre qu’il n’existe pas de place de stockage et de conservation pour les maquettes d’architectes. Il ne s’agit évidemment pas de documents d’archives au sens propre du terme, mais d’objets dont la préservation devrait trouver une solution globale.”

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Ginn et an der Regierung Iwwerleeungen, fir zu Lëtzebuerg eng Institutioun ze schafen, déi sech dem systematesche Stockéieren a Konservéiere vun Architekturmaquettë consacréiert an dofir déi néideg Raimlechkeeten zu Verfügung gestallt kritt?
  • Wann nee, ginn et Iwwerleeungen, fir dës Aufgab engem bestoende staatlechen oder private Musée unzevertrauen?
  • Wéi steet d’Regierung grondsätzlech zur Grënnung vun engem nationalen Architekturmusée?

Äntwert:

Mat der Recommandatioun n° 37 „Créer un Centre national de l’architecture“, huet de Kultursecteur sech am Kulturentwécklungsplang 2018-2028 fir d’Schafe vun engem nationalen Architekturzentrum ausgeschwat.
D’Regierung ass sech der Wichtegkeet vun der Dokumentatioun an der Opwäertung vun der Lëtzebuerger Architektur bewosst a steet dofir der Iddi vun engem nationalem Architekturzentrum prinzipiell positiv géintiwwer.
An deem Sënn gouf d’Dotatioun vum luca – Luxembourg Center for Architecture, deen zanter 2005 mam Kulturministère konventionnéiert ass, fir d’Joer 2024 vun 163.000 EUR op 360.000 EUR gehéicht. Dëst erlaabt dem luca fir d’Lëtzebuerger Architektur a Baukultur méi ze promouvéieren an ze valoriséieren.
Doriwwer eraus ass de Kulturministère oppe fir Gespréicher mam luca ze féieren an z’iwwerpréiwen, ob den luca an Zukunft de Missioune vun engem nationalen Architekturzentrum kéint nokommen. Schonn elo konservéiert de luca Dausende Pläng an Dosende Maquetten, där hir Dokumentatioun an Opwäertung zu den aktuelle Prioritéite vun der Fondatioun gehéieren.
Och op staatlecher Säit gi vun der Verwaltung fir ëffentlech Bauten d’Maquetten, Zeechnungen, Pläng a Fotoe vun den ëffentleche Baute konservéiert an opgeschafft. D’Digitalisatioun vun den historesche Pläng vun de Gebaier déi de Staat gebaut huet ass am Gaangen a beleeft sech elo schonn op méi ewéi 20.000 Dateien. Reegelméisseg huet d’Verwaltung fir ëffentlech Bauten an der Vergaangenheet hir Pläng an Dokumenter beim Nationalarchiv agereecht, déi se an hiren Inventaire opgeholl huet. Op Basis vum Archivgesetz vum 17. August 2018 ginn d’Dossieren a Pläng weiderhin no de Krittäre vum Tableau de Tri op eng kontrolléiert a systematesch Aart a Weis un d’Nationalarchiv verséiert.
D’Nationalarchiv këmmert sech weiderhin ëm den Archivage vu Pläng am Kader vun engem Contrat de dépôt mam Lëtzebuerger Architektur Musée (LAM).

 

Deel dëse Post: