Et gëtt 100 Grënn, firwat d’Police muss wëssen, mat wat si iwwer Méint a Joere befaasst war. Et geet awer net, datt Donnéeën iwwert Persounen éiweg gespäichert ginn an datt aner Verwaltungen och nach op dat Aarbechtsinstrument vun der Police zeréckgräifen duerfen. Duerfir huet d’ADR  eng parlamentaresch Enquêtekopmmissioun gefuerdert, fir erauszefannen, wat beim “Casier bis”, der Zentraldatebank vun der Police, muss geschéien. Akut ginn war dëst, well e jonke Mann eng Aarbechtsplaz bei Geriicht net krut, op Grond vun alen Informatiounen aus där Police-Datebank. wéinst Faiten, déi harmlos genuch waren fir ni geriichtlech verfollegt ze ginn.

Weider huet den ADR-Deputéierte Roy Reding de Fanger an d’Wonn geluecht, an zwar ouni op déi perséinlech a privat Hannergrënn vun enger Eenzelpersoun anzegoen mee an der kloerer Absicht, hannert de Fonctionnement vun där Datebank ze kommen. Kloer a sachlech wëll hie wëssen, wéi a firwat déi Datebank vu wiem gebraucht gëtt. An hie wëll och Detailler, firwat bei der Police kengem opgefall ass, datt de Gebrauch vum “Fichier central” juristesch Problemer mat sech kéint bréngen.