Ëmweltschutz Jo, awer mam néidegen Realismus…

Den 28. Juni goufen an der Chamber direkt fënnef Gesetzesprojeten iwwert den Ëmweltschutz gestëmmt. De Fernand Kartheiser huet fir d’ADR Stellung bezunn iwwert d’Projeten zum Schutz vun der Ozonschicht an der Atmosphär. Desweideren huet hien iwwert de Nagoya-Protokoll geschwat, een internationalen Traité, deen den Ëmgang mat genetesche Ressource reegelt.
Den ADR-Deputéierten hieft a sengen Interventiounen d’Wichtegkeet vun engem effikassen Ëmweltschutz ervir, betount awer zugläich, datt et och gëllt, eng realistesch Approche ze erhalen an sech net an ideologeschen Dreemereien ze verléieren. An deem Sënn huet d’ADR de Gesetzesprojet iwwert de Schutz vun der Ozonschicht matgestëmmt, parallel awer berechtegt Zweiwel un der Effikassitéit vun dësem Gesetz geäussert. An der Optik vum Fernand Kartheiser ass dëse Projet wuel éischter eng Prestigefro fir Gambia, wéi dat en ee konkreten Notzen hätt. Déi vum Fernand Kartheiser zitéiert Statistik schwätzt an deem Kontext eng däitlech Sprooch.

Den ADR-Deputéierte kritiséiert dann och méi allgemeng d’Aart a Weis vun der Regierung, fir hir ofmools ideologesch verblennte Versioun vum Ëmweltschutz duerchzesetzen. Bedenklech sinn an deem Kontext virun allem déi ugedroote Sanktioune beim Verstouss vun de Gesetzer. D’Ëmweltverwaltung kritt ëmmer méi Rechter a Befugnisser, déi eigentlech bei der Police oder beim Parquet leie sollten. Dëst féiert an den Ae vum Fernand Kartheiser zum Entstoe vun enger reegelrechter Parallel-Justiz.

Och am Debat iwwert d’Ëmsetze vum Nagoya-Protokoll weist sech, datt et Gambia un engem realisteschen a verantwortungsvolle Bezuch zur Ëmweltpolitik feelt.  Et ass deemno méi einfach, mat ideologesch motivéierter Panikmaacherei ze iwwerzeege wéi mat Argumenter. D’ADR steet fir eng aner Ëmweltpolitik, eng Politik déi eis Natur schützt ouni d’Interesse vun eisem Land ze verkennen.

 

Deel dëse Post: