Ëmwelt, Privatsphär a Kompetitivitéit: wéi ee Gläichgewiicht? [Video]

Weider ass e Mëttwoch den 11. Mee iwwer Ëmweltfroe geschwat ginn. Hei plädéiert de Fernand Kartheiser fir e bessert Gläichgewiicht tëscht berechtegten Ëmweltsuergen an der Privatsphär vum Bierger esou wéi der Wettbewerbsfähegkeet vun eiser Wirtschaft. Ze streng Mesuren kéinten Lëtzebuerger Betriber an alle Sparten benodeelegen, während nei Moosstechnologie (Smart Metering) un d’Grenz vun der Privatsphär vum Bierger stéisst.

De Fernand Kartheiser bedauert och, datt mat ëmmer méi strenge Strofen geschafft gëtt an datt probéiert gëtt, ëmmer méi Donnéeë vum Bierger ze kréien. D’Rechtstaatlechkeet misst garantéiert sinn.

An deem Sënn huet den ADR-Deputéierten och eng Motioun virgeluecht, déi verlaangt, datt all neit Ëmweltgesetz och misst eng Impaktstudie hunn fir seng Konsequnezen op Lëtzebuerger Betriber festzestellen.

Deel dëse Post: