[BEÄNTWERT] Emprunt contracté en décembre 2008

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister vum Trésor weiderzeleeden.

Am Dezember 2008 huet de Lëtzebuerger Staat – am Kader vun der Rettung vun enger systemescher Bank zu Lëtzebuerg – iwwert eng ëffentlech Souscriptioun en Emprunt vun 2 Milliarden Euro opgeholl, deen zu 3,75% verzënst ass. Vill Lëtzebuerger hu bei dëser Souscriptioun matgemeet. Dësen Emprunt leeft de 4. Dezember vun dësem Joer aus.

Dowéinst wéilt ech dem Här Minister vum Trésor dës Froe stellen:

1. A wéi enger Form wëllt de Staat dësen Emprunt verlängeren ?

2. Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Lëtzebuerger Spuerer iwwert d’Verlängerung oder enger neier Opleeung vun der ëffentlech Souscriptioun sollen un dësem Emprunt bedeelegt ginn ?

3. Wann de Lëtzebuerger Spuerer soll un dësem Emprunt bedeelegt ginn, kann een dann dovunner ausgoen, datt de Zënssaz vun 3,75% bäibehale gëtt ?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Jean-Claude Juncker, Ministre du Trésor

Deel dëse Post: