Ëmmer rëm schwéier Probleemer beim Adapto Service

Säit laangem ass bekannt, datt et beim Adapto Service ëmmer rëm schwéier Probleemer ginn. Nodeems eng Adapto Reform koum déi de Service verbessere sollt, krut eng Petitioun (n°2749) déi sech mat enger Rei Mängel beschäftegt huet, bannent dräi Deeg déi néideg Ënnerschrëften.
Kritiséiert gouf zum Beispill, datt néi Busser bestallt, an an de Betrib komm sinn, déi net behënnert gerecht wieren. Et sinn och puer Fäll bekannt, wou Leit déi blann sinn an e Servicehond dobäi haten, de Begleethond net mathuele dierften.

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) hat den 18. Abrëll an enger Pressematdeelung eng Rei Propose virgestallt, déi den Adapto Service verbessere sollen. Generell soll de System an d’Kommunikatioun tëschent der Uruffzentral, dem Client an dem Chauffeur verbessert ginn. Weider goufe kloer Krittäre etableiert, fir eng Adapto Kaart ze erhalen, oder verweigert ze kréien.

An deem Kader huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt.

Deel dëse Post: