Ëmmer nei Sprengattacken op Bancomaten

An de leschte Jore koum et zu enger Serie vu Sprengattacken op Bancomaten déi einfach keen Enn fënnt. Eleng an de leschten Deeg koum et zu Nidderkäerjeng an zu Esch-Sauer zu zwou weideren Attacken. Fir déi betraffe Banken an hir Clienten e Misär ouni Enn. Fir d’ADR steet fest: D’Recht op Sécherheet gëllt selbstverständlech och onageschränkt fir eis Finanzinstituter. Wéi kann et sinn, datt d’Regierung hirer elementarer Aufgab an dësem Beräich ewell scho sou laang net méi nokënnt?

Deel dëse Post: