Ëmmer nees Burka: Wéini kënnt d’Gesetz?

Nodeems d’Regierung sech alt nees eng Kéier blaméiert huet a vum Staatsrot wéinst engem schlechte Gesetz mam Ouer geholl gëtt, reagéiert d’ADR an engem Kommunikee: De Projet 7179, deen de Code penal sollt reforméieren fir plazeweis d’Burka ze verbidden, huet keng Gnod virun den Ae vum Staatsrot fonnt. Fir datt endlech an dëser Fro reglementéiert gëtt, verlaangt d’ADR elo, datt d’Propositioun Nummer 6705 vum Fernand Kartheiser endlech an der juristescher Kommissioun zur Sprooch kënnt. Dës war schonn 2015 vum Staatsrot ouni “Opposition formelle” begutachtet ginn.

Wann et der Regierung eescht ass mat der Reglementéierung vun der Burka-Fro, huet si domat en Text, dee nach virun de Chrëschtdeeg kéint duerch d’Chamber goen.

Konsequenterweis huet d’ADR elo an engem Bréif in de Chamberspresident gefuerdert, dem Fernand Kartheiser seng Gesetzespropositioun an der juristescher Kommissioun ze kucken, fir esou séier wéi méiglech an der Chamber kënnen driwwer ofzestëmmen. Dat géing iwwregens och der Conclusioun vum Staatsrot entspriechen, deen a sengem Avis ënnersträicht, datt esou e Gesetz eng politesch Decisioun ass, déi der Verantwortung vun den Deputéierten ënnerläit.

Deel dëse Post: