Ëmmer méi Knascht laanscht eise Stroossen!

Ët ass sécherlech och e Mentalitéitsproblem: Wie sech d’Liewe well einfach maachen, geheit einfach säin Dreck zur Fenster eraus. Dat nennt ee Littering. Datt dovunner eis schéi Landschaft verschampeléiert gëtt, an eis Déieren sech dacks déidlech Verletzungen zouzéien, schéngt dës Leit net ze intresséieren. Eng Sauerei! De Nord-Deputéierte Jeff Engelen mécht mat zwou parlamentaresche Froen Drock op d’Regierung, endlech aktiv ze ginn an där grousser Sauerei entgéintzewierken.

 

Deel dëse Post: