Ëmmer méi Iwwergrëff op eis Maartleit an hir Clienten

Eis Maartleit goufen an de leschte Jore mat enger Rei Schwieregkeete konfrontéiert. COVID, Inflatioun asw. Zu dësen allgemengen Erausfuerderunge kënnt awer een hausmaacher Probleem dobäi, dee mat dem néidege politesche Wëlle liicht ze léise wier. D’Iwwergrëff op eis Maartleit an hir Clienten huelen ëmmer méi zou, d’Sécherheet an d’Liewensqualitéit beim Akafen ëmmer méi of. Ursaach: Organiséiert Heeschebanden, déi d’Leit belästegen, Saache klauen an déi allgemeng Atmosphär vergëften. Firwat kritt d’Police net déi néideg Kompetenzen, fir hei endlech duerchzegräifen?

Deel dëse Post: