Ëmmer méi Gewalt an de Lycéeën: ADR wëll Fakten!

Wéi soll een dem Phänomen vun enger steigender Gewaltbereetschaft an de Lycéeën entgéintwierken, wann ee keng kloer Zuelen a Fakten huet? De Fred Keup mécht an deem Kontext Drock op d’Regierung.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Banneminister weiderzeleeden.

Am Ëmfeld vun de  Lycéeë kënnt et geheeft zu Fäll vu Gewalt, Bedrohungen, Drogekonsum, Erpressung, Déifställ etc. Et ass evident, datt am Sënn vun enger transparenter Opklärung vun dëse Virfäll a fir esou dës negativ Phänomener kënnen ze bekämpfen déi néideg Analysen a Statistike mussen duerchgefouert ginn.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Minister:

  1. Ass den Här Minister averstanen domat, datt déi zoustänneg Autoritéite musse kënnen op déi néideg Statistiken an Daten zeréckgräifen, fir kënne kriminell Delikter effizient ze bekämpfen?
  2. Kann den Här Minister matdeelen, wéi dacks d’Police am leschte Schouljoer huet missen an de Lycéeën intervenéieren? Vu datt follgend Informatiounen net géint den Dateschutz verstoussen: Kann den Här Minister opschlësselen, a wéi enge Lycéeën d’Police hätt missen intervenéieren a wéi dacks?
  3. Kann den Här Minister opschlësselen, wéi vill Schüler dat lescht Schouljoer aus wéi enge Lycéeën hu misse verwise ginn? Kann de Minister eenzel opschlësselen, wat d’Grënn heifir waren?
  4. Kann den Här Minister bestätegen, datt all Staatsbeamten, respektiv Staatsugestallten, deen an engem Lycée schafft laut sengem Statut beim Verdacht vun enger Strofdot, ewéi Gewalt, Déifstall, Drogekonsum, Erpressung etc. dozou verflicht ass, d’Police ze alertéieren?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup – Deputéierten

Deel dëse Post: