Ëmmer erëm Dronen … EU-Regelung erwaart

Lëtzebuerg schafft scho méi laang drunn, fir d’Dronen zu Lëtzebuerg ze reglementéieren. Dat ass eng Fro vun der Sécherheet a vum Schutz vun der Privatsphär ginn. D’EU schafft och un engem Text, deen awer haaptsächlech Entreprisen soll erlaben, dës Dronen fir den Transport anzesetzen. An enger parlamentarescher Fro wëll de Gast Gibéryen wëssen, wéi wäit déi zwee Texter matenee kompatibel sinn. Keng Äntwert gëtt et leider drop, wéi wäit nëtzlech Uwennunge vun Dronen illegal sinn, wa Biller vu Privatbesëtz ouni Erlabnis vun hire Kameraen opgeholl gëtt.

Deel dëse Post: