Ëmdenke bei Steierflucht a Bankgeheimnis

De Gast Gibéryen huet an der Chamber den 1. Juli iwwer de Facta-Accord vu Lëtzebuerg mat den USA geschwat. Et geet drëm, datt de Finanzsecteur an den zwee Länner no den nämmlechte Regele schafft. De Gast Gibéryen huet profitéiert fir ze ënnersträichen, wéi d’Mentalitéite geännert hunn. D’Bankgeheimnis wär keng helleg Kou méi. Et wär och eng gutt Saach, dass géint Steierflucht géing geschafft ginn. Schliesslech misst och den Ugestallten an all klenge Betrieb Steieren bezuelen. Fir de Finanzsecteur a fir d’Staatsfinanzen hätt dat natierlech Auswierkungen. Mä et wär och laang genuch Zäit gewiescht, fir sech op déi Ännerunge virzebereeden.

Deel dëse Post: