Elteren, déi hir Kanner doheem erzéien, gi finanziell diskriminéiert!

A senger Interventioun vum 12. Juli begréisst den ADR-Süd-Deputéierten a Parteipresident Fred Keup d’Mesuren, datt d’Kannerbetreiung ab dem nächste Schouljoer gratis gëtt. Dobäi ass awer wichteg, datt d’Qualitéit muss Prioritéit hunn, dat gëllt och fir d’Lëtzebuergesch-Kenntnisser vum Personal. Vill Gemenge sinn allerdéngs elo schonn iwwerfuerdert, dës Betreiungsstrukturen zur Verfügung ze stellen. Wat fir d’ADR allerdéngs en absolutten No-Go ass, ass dat déi Elteren, déi sech entscheeden, hir Kanner doheem wëllen ze erzéien, finanziell diskriminéiert ginn. aus dësem Grond konnt d’ADR dëse Gesetzesprojet net matstëmmen. Mir bleiwen eiser Linn trei: D’Eltere soll fräi kënnen decidéieren, ob si hir Kanner an eng Betreiungsstruktur ënnerbréngen, oder doheem wëllen erzéien. Dëst ass duerch déi aktuell Regierungspolitik, déi net méi d’Famill an de Mëttelpunkt setzt, mee just nach eesäiteg wirtschaftlech Iwwerleeungen, leider net méi méiglech.

Deel dëse Post: