Elo kënnt d’Rechnung…

De Roy Reding betount a senger Interventioun vum 18. Abrëll, datt Lëtzebuerg elo en héije Präis ze bezuele kritt fir Jore vun enger verfeelter Finanzpolitik. All eis Regierungen, déi mir an de leschte Joren a Joerzéngten haten, hunn et verpasst, an ekonomesch gudden Zäiten, wou grouss Iwwerschëss do waren, eng Finanzreserven unzeleeën. Beim Fanne vun neie Weeër fir d’Geld ze verprasse war een dofir awer ëmmer ganz kreativ. Den Zentrums-Deputéierte geet a senger Interventioun dann och nach eemol op déi inakzeptabel Diskriminéierungen an, deenen déi kleng Geschäftsleit de Moment ausgesat sinn. Besonnesch den Aarbechtsminister behandelt dës Leit ewéi Bierger zweeter Klass. An den Ae vum Roy Reding misst de Minister elo seng Konsequenzen zéien a vu sengem Posten zerécktrieden.

Deel dëse Post: