Ekologesch a sozial hunn Elektro-Autoen a besonnesch d’Produktioun vun hire Batterie katastrophal Auswierkungen … a Südamerika an an Afrika (Landverwüstung a Kanneraarbecht). Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser këmmert sech an enger parlamentarescher Fro awer och ëm eng Rëtsch ganz praktesch Problemer, déi sech bei E-Autoen hei op der Plaz stellen. Och hei sinn d’Konsequenzen vun enger breeder Notzung vun deene Gefierer net duerchduecht.