Am Oktober dëst Joer ass de Codex mariendalensis um Internet ëffentlech zougänglech gemaach ginn. E gudden éischte Schrëtt, fir eist Nationalepos engem breede Public méi no ze bréngen. D’Deputéiert Alexandra Schoos an Tom Weidig hunn dozou e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
Am Oktober dëst Joer ass de Codex mariendalensis um Internet ëffentlech zougänglech gemaach gi vun der Nationalbibliothéik, déi ënner anerem schreift: „De Codex mariendalensis, 2008 vum Lëtzebuerger Staat kaaft, an elo an de Bestänn vun der Nationalbibliothéik conservéiert, ass en aussergewéinlecht mëttelalterlecht Manuskript aus dem fréie 14. Joerhonnert. Et enthält d’Liewe vum Yolanda vu Veianen, eng vun de wichtegste Figuren an der reliéiser Geschicht vum Land, erzielt a 5 963 gereimte Versen a muselfränkescher Sprooch, déi mam moderne Lëtzebuergesche Famill ass. Dësen eenzegaartegen Text ass e wichtegen Zeie vun der fréier Lëtzebuerger Kultur a Sprooch.”
Den Epos ass domat dat eelsten iwwerliwwert Dokument vun eiser Sproochgeschicht, wat weist, datt scho viru 700 Joer Elementer vun eiser haiteger Sprooch, mee och reliéis Traditiounen, Ritualer a sozial Normen existéiert hunn, déi sech iwwer d’Joerhonnerte lues a lues zu eiser haiteger Lëtzebuerger Sprooch an Identitéit entwéckelt hunn.
Trotz dëser kultureller Bedeitung gëtt d‘Wierk am Lëtzebuerger Bildungswiese bis haut kaum valoriséiert. Weder am Schoulunterrecht nach am ëffentleche Kulturberäich ass d‘Epos an enger moderner, allgemeng zougänglecher Form zougänglech. Eng modern zweesproocheg Iwwersetzung (Lëtzebuergesch/Däitsch) mat detailléierten Erklärunge kéint dozou bäidroen, dëse Pilier vun eisem kulturelle Patrimoine enger breeder Bevëlkerungsschicht, mee och dem internationale Fachpublikum oder Lëtzebuerger Awunner ouni kulturelle Bezuch zu eiser Kultur méi no ze bréngen an zugläich eis Nationalsprooch als Literatursprooch ze stäerken.
Doriwwer eraus wier eng Ausstellung oder en digitale Vermëttlungsprojet (z.B. eng kommentéiert Online-Editioun) e wichtege Bäitrag zur nationaler Kulturvermëttlung.
An dësem Kontext hu mir follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi bewäert d‘Regierung déi kulturell an identitéitsstëftend Bedeitung vum Epos Yolanda von Vianden fir eist Land?
- Wéi eng Moossname goufe bis elo ergraff, fir dëst Wierk am ëffentleche Bewosstsinn, am Bildungswiesen oder an der Fuerschung méi siichtbar ze maachen?
- Ginn et staatlech Initiativen, fir eng modern Iwwersetzung an eis Sprooch bzw. eng zweesproocheg (Lëtzebuergesch/Däitsch) Editioun vum Wierk mat wëssenschaftlechen Erklärunge finanziell oder organisatoresch ze ënnerstëtzen?
- Plangt de Schoulministère, Yolanda von Vianden an Zukunft an de Léierpläng (z. B. am Kader vum Literatur- oder Geschichtsunterrecht) ze berécksiichtegen?
- Besteet Interessi op Säite vun der Regierung, fir an Zesummenaarbecht mat der Universitéit Lëtzebuerg, mat Muséeën oder mam Schlass vu Veianen eng permanent Ausstellung oder en digitale Vermëttlungsprojet iwwer Yolanda von Vianden ze initiéieren oder ze fërderen?
Foto Copyright: Wikipedia