Eise Fleegesecteur schafft um Limitt!

An enger parlamentarescher Fro maachen d’ADR-Deputéierten Alexandra Schoos a Jeff Engelen Drock op d’Regierung, fir datt sech endlech eppes ännere soll bei deenen zum Deel inakzeptabelen Zoustänn, ënnert deenen eis Fleegepersonal schaffe muss.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

D’Personal am Fleegesecteur leescht Grousses, fir d’Wuelbefanne vun deenen ze betreiende Leit ze garantéieren. Leider kënnen d’Beruffsgruppen am Fleegesecteur (nieft den Infirmièrë gehéieren hei d’Auxiliaires-de-vie an d’Aide soignanten dozou), déi Dag fir Dag um Terrain schaffen, awer och vu ville Mëssstänn erzielen.

Personalmanktem, Zäitdrock an aarbechtstechnesch, ewéi rechtlech Onkloerheete stinn un der Dagesuerdnung. Dëst féiert dozou, datt, parallel zum stramme Bevëlkerungswuesstem an enger steigender Demande no qualifizéiertem Fleegepersonal, dacks awer d’Motivatioun, fir esou e Beruff ze ergräifen, ofhëlt. Dacks fäert d’Fleegepersonal och rechtlech Konsequenzen, wann si hirer Aarbecht net esou kann nokommen, ewéi virgeschriwwen: Wann z.B. e Patient a sengem Zëmmer d’Schell dréckt, well e gefall ass, muss d’Fleegepersonal ënnerhalb vun enger virgeschriwwener Zäit beim Patient sinn, fir ze hëllefen. Leider kënnt et vir, datt déi Zäit net kann agehale ginn, wann z.B. Personal krankheetsbedéngt ausfält oder grad op anere Plaze vill Aarbecht usteet. Dee Moment muss dat betraffent Personal scho mat rechtleche Konsequenze rechnen. E weidere Problem besteet doran, datt Fleegeariichtungen dacks keng sougenannte “Springer” hunn, d.h. Leit, déi bei akutem Personalmanktem op flexibeler Basis kënnen asprangen. Vu datt d’Fleegepersonal dacks souwisou schonn am Dauerasaz ass, dës Leit awer och Rou- a Recuperatiounszäite brauchen, däerf et och net dozou kommen, dass si ëmmer erëm mat weidere Permanence belaascht ginn.

En anere Problem ass, datt déi virgeschriwwen Trennung vun de Kompetenzen tëscht Aide-soignants an Auxiliares-de-vie um Terrain aus praktesche Grënn dacks net kann agehale ginn. Esou däerfen z.B. déi sougenannten “Heberen” fir Leit ze deplacéieren – woubäi et aktiv a passiv Hebere ginn – net vun den Auxiliares-de-vie bedéngt ginn. An der Praxis schaffen d’Auxiliaires-de-vie awer dauernd och mat esou Geräter, wat alt erëm dozou féiert, dass hinne rechtlech Konsequenzen droen, wann eppes passéiere géif. An deem Kontext stellt sech d’Fro, firwat d’Auxiliares-de-vie sech net – wéi iwwerdeems beim Staat üblech – duerch flexibel Weiderbildungsmodeller en cours de route zum Aide-soignant kënnen ausbilde loossen.

An deem Kontext hätte mir follgend Froen un d’Regierung:

  1. Ass sech d’Madamm Minister deenen uewe beschriwwene Mëssstänn am Fleegesecteur bewosst, respektiv, besteet tëscht dem Gesondheetsministère an dem Fleegesecteur e reegelméissegen Austausch iwwert hir wichteg Aarbecht?
  2. Wat gedenkt d’Madamm Minister ze ënnerhuelen, fir d’Fleegepersonal an där Hisiicht ze entlaaschten, datt dëst net permanent an der Ausübung vu sengem Beruff mat rechtleche Konsequenze rechne muss, wann dës Leit duerch Ëmstänn, op déi si dacks keen Afloss hunn – z.B. Personalmanktem – hirer Aarbecht net wéi virgeschriwwe kënnen nokommen?
  3. Am Hibléck op d’Trennung vun de Kompetenzen tëscht Auxiliares-de-vie an Aide-soignants: Wéi ass et an den Ae vun der Madamm Minister ze veräntwerten, datt d’Auxiliares-de-vie am Alldag drop ugewise sinn, Tâchen auszeféieren, ewéi z.B. d’Benotze vun den Heberen, déi si rechtlech gesinn net däerfen ausféieren?
  4. Wéi gedenkt d’Madamm Minister an deem Kontext den Auxiliares-de-vie entgéintzekommen, fir hinnen eng komplett Rechtssécherheet beim Ausübe vun hirem Beruff ze erméiglechen?
  5. Wier et an den Ae vun der Madamm Minister net ubruecht, flexibel Weiderbildungsmodeller anzeféieren, fir datt sech d’Auxiliares-de-vie zum Aide-soignant kënne weiderbilde loossen? Wa jo, wéi wëll d’Madamm Minister konkret virgoen, fir dëst ëmzesetzen?
  6. Huet d’Madamm Minister allgemeng e Konzept, wéi si an de nächste Joren där steigender Demande no qualifizéiertem Fleegepersonal wäert kënnen nokommen? Wéi kann dës Erausfuerderung ugaange ginn, ouni d’Fleegepersonal, dat jo och Rou- a Recuperatiounszäite brauch, mat ëmmer weidere Permanencen ze belaaschten?
  7. Wat fir Piste wëll d’Regierung an deem Sënn konkret aschloen, fir d’Beruffer am Fleegesecteur an notamment och de Beruff vum Auxiliare-de-vie nees opzewäerten a méi attraktiv ze maachen?

Mat déiwem Respekt, Alexandra Schoos, Jeff Engelen

Deel dëse Post: