Eise Betriber entgéintkomme w.e.g.!

print

Iwwerfuerdert an eleng gelooss: Am Hibléck op de COVID-19-Virus hunn d’Betriber et schonn net einfach. Et gëllt an dësen Zäiten finanziell iwwert d’Ronnen ze kommen an iwwerdeems säi Personal gesondheetlech ze schützen. Awer wéi soll e Betrib säi Personal schützen, wann dëse vum analogen Tracing-System kontaktéiert gëtt, datt eng Persoun, déi positive op Corona getest gouf, an hire Raimlechkeete verkéiert huet, dëse Betrib awer keng weider Detailer däerf matgedeelt kréien, besonnesch, wat d’Auerzäit ugeet? Muss an deem Fall déi ganz Beleegschaft getest ginn oder esou guer a Quarantän gesat ginn? Eis Betriber, déi de Motor vun eisem Wuelstand sinn, hu kloer an transparent Uweisunge verdéngt, deenen si och kënne nokommen. Sou munche Betrib weess sech kee Rot méi. An enger parlamentarescher Fro well den Deputéierte Drock dësem onglécklechen Ëmstand op de Fong goen.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.