Eise Betriber entgéintkomme w.e.g.!

Iwwerfuerdert an eleng gelooss: Am Hibléck op de COVID-19-Virus hunn d’Betriber et schonn net einfach. Et gëllt an dësen Zäiten finanziell iwwert d’Ronnen ze kommen an iwwerdeems säi Personal gesondheetlech ze schützen. Awer wéi soll e Betrib säi Personal schützen, wann dëse vum analogen Tracing-System kontaktéiert gëtt, datt eng Persoun, déi positive op Corona geadr gouf, an hire Raimlechkeete verkéiert huet, dëse Betrib awer keng weider Detailer däerf matgedeelt kréien, besonnesch, wat d’Auerzäit ugeet? Muss an deem Fall déi ganz Beleegschaft geadr ginn oder esou guer a Quarantän gesat ginn? Eis Betriber, déi de Motor vun eisem Wuelstand sinn, hu kloer an transparent Uweisunge verdéngt, deenen si och kënne nokommen. Sou munche Betrib weess sech kee Rot méi. An enger parlamentarescher Fro well den Deputéierte Drock dësem onglécklechen Ëmstand op de Fong goen.

Deel dëse Post: