A senger parlamentarescher Fro fuerdert den ADR-Deputéierte Jeff Engelen, eis Wënzer normal an ouni disproportionéiert Reegelen a Kontrolle schaffen ze loossen!
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltminister, un den Här Landwirtschaftsminister an un den Här Aarbechtsminister weiderzeleeden.
Am Wäibau-Secteur gëtt et den Ament vill Opreegung ëm eng geplangte Veruerdnung vun der EU, déi méi streng Reegele beim Gebrauch vu Planzeschutzmëttel virgesäit. D’Wënzer maachen sech an deem Kontext Suergen ëm hir Zukunft a ginn ze bedenken, datt mat dësen Oplagen den Ubau vun Drauwe besonnesch an den ausgewisene Schutzgebidder – betraff si virun allem Schengen, Wuermer awer och d’Randberäicher vum groussen Tréntengerdall – kaum nach bis iwwerhaapt net méi méiglech wäert sinn.
Iwwerdeems bekloen sech vill Wënzer ëm déi exzessiv Kontrolle vun der ITM, déi dacks genee da kontrolléieren, wann am meeschten Aarbecht ass. An engem Zeitungsartikel vum 6. Februar geet esou guer Rieds vun engem Fall, wou 15 Persoune vun der ITM ganz Wäibierger ofgerigelt hunn, fir Kontrollen ze maachen, esou datt den normalen Aarbechtsoflaf iwwerhaapt net méi méiglech war.
An deem Kontext hätt ech folgend Froen un d’Regierung:
- Wéi positionéiert sech d’Regierung am Hibléck op déi geplangten EU-Veruerdnung, déi de Wäibau a verschiddene Gebidder um Lëtzebuerger Territoire just nach ganz schwéier bis hin zu iwwerhaapt net méi méiglech mécht?
- Gedenkt d’Regierung an deem Kontext op EU-Niveau géint déi geplangte Veruerdnung virzegoen, fir esou d’Existenz vun de betraffene Wënzer weiderhin ofzesécheren?
- Wa jo, wéi wëll si dobäi genee virgoen? Wann nee, wéi eng Mesurë gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, fir d’Existenz vun de betraffene Wënzer-Betriber an deene Gebidder weiderhin ze assuréieren?
- Gedenkt d’Regierung den Dialog mat der ITM ze sichen, fir datt an Zukunft d’Kontrolle bei de Wënzer-Betriber esou ausfalen, datt net ganz Wäibierger ofgespäert ginn an den normalen Aarbechtsoflaf net méi méiglech ass?
Mat déiwem Respekt,
Jeff Engelen