Eis kleng ASBLen erstécken u Bürokratie

D’ASBLs-Gestz vum 7. August 2023 bréngt fir d’ASBLen eng ganz Rei nei Aufgabe mat sech. Et mussen ë.a. ëmmer méi Donnéeën iwwert eenzel Komiteesmembere gesammelt ginn a scho vun engem Gesamtbilan vun 100.000 Euro u muss eng duebel Comptabilitéit gefouert ginn. Besonnesch fir déi kleng Sports- a Kulturveräiner déi an der Reegel vum Benevolat gedroe ginn, ass dat kaum ze packen. Wéi eng Kompensatiounsmoossname bitt d’Regierung an denkt si driwwer no, d’Gesetz zäitno ze iwwerpréiwen? D’Lexy Schoos an de Fernand Kartheiser intervenéiere mat enger parlamentarescher Fro bei der Madamm Justizminister.

Deel dëse Post: