Eis Grondrechter net u Konditioune bannen!

Grondfräiheeten, ewéi d’Recht, sech fräi ze beweegen, däerfen net u Konditioune gebonne ginn. Dat betount den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 19. Januar. Et däerf op kee Fall zu Diskriminéierunge kommen tëscht Leit, déi geimpft sinn a Persounen, déi sech net wëllen oder kënnen impfe loossen. De Bausseminister schléisst seng Äntwert domat of, datt d’Regierung – wann och lo nach net – awer an Zukunft kéint op esou ee Wee goen…

Deel dëse Post: