Ëffentlecht Ausschléisse vu wäisse Leit: D’Regierung ass averstanen …

De 16. Januar 2021 huet d’Vereenegung Lëtz rise up e Webinar organiséiert, bei deem ausdrécklech keng Leit mat wäisser Hautfaarf hunn duerfen deelhuelen. Am Interview mam l’essentiel huet d’Familljeministesch Cahen sech net schockéiert doriwwer gewisen an huet gemengt “… firwat net … “. Si huet dobäi ënnerstrach, datt Associatiounen „hir eege Krittären definéieren” dierften.

Net eleng d’Organisatioun, mee och d’Reaktioun dorop vun engem Regierungsmember léisst déif blécken a werft vill Froen op. An deem Kontext huet den Deputéierte Fred Keup eng Rei Froen un d’Familljeministesch geriicht.

 

 

Deel dëse Post: