Eestëmmegkeetsprinzip bei Steierfroen?

D’Propos vum EU-Steierkommissär Pierre Moscovici fir den Eestëmmegkeetsprinzip vun den EU-Länner a Saache Steierfroen  opzeginn, huet eng kontrovers politesch Debatt ausgeléist. D’Bäibehale vun dëser Eestëmmegkeet war bis viru kuerzem eng parteiwwergräifend Positioun. Nodeems de bloe Finanzminister Pierre Gramegna deklaréiert huet datt d’Regierung an deser wichteger Fro dobäi bleiwt, ass rezent opgefall datt Rout/Gréng des Meenung anscheinend net deelen. Wat ass dann elo wirklech d’Positioun vun der Regierung, dat wëll de Gast Gibéryen wëssen.   A senger äntwert huet de Finanzminister däitlech gemaach, datt d’Fiskalitéit d’Häerzstéck vun der Souverainitéit ass an d’Unanimitéit a Saache Steierfroe bestoe muss bleiwen. Dont acte.

Deel dëse Post: