Hutt Dir Iech och schonns driwwer opgereegt, datt ee bei Zougangskontrollen zu/an ëffentleche Gebaier oft mat “Parlez français!” ugeschwat gëtt? Zu dësem Sujet stellt de Fred Keup e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
A leschter Zäit sinn eng Rei vu Leit un eis erugetrueden, déi sech driwwer beschwéiert hunn, datt hei zu Lëtzebuerg bei Zougangskontrollen zu oder an ëffentleche Gebaier, sou och z.B. an der Nationalbibliothéik, Sécherheetsdéngschter kontrolléieren, bei deenen eesproochegt Personal (franséischsproocheg) zum Asaz kënnt. Et kéim och zu desagreabele Situatiounen, wann ee sech net der Injonctioun “Parlez français!” géif konforméieren.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi positionéiert sech d’Regierung dozou, dass bei Zougangskontrollen zu oder an ëffentleche Gebaier d’Bierger oder Visiteuren dozou ugehale ginn, op Franséisch ze schwätzen?
- Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, datt, wa fir Zougangskontrollen zu oder an ëffentleche Gebaier op Sécherheetspersonal muss zeréckgegraff ginn, dat nach kee Lëtzebuergesch kann, déi Leit sech an hirem Aarbechtskontrakt verflichte mussen, fir Lëtzebuergesch ze léieren?
Äntwert:
Staatlech Institutioune gräifen op extern Sécherheetsfirmen zeréck fir d’Iwwerwaachung vun ëffentleche Gebaier an d’Zougangskontrollen, fir déi d‘Sécherheet 24 Stonnen den Dag a 7 Deeg d’Woch assuréiert gi muss. Dës extern Prestatairë sinn als Employeur vum Sécherheetspersonal zoustänneg fir déi jeeweileg Aarbechtskontrakter.
E gudden Empfang vun de Bierger an den ëffentlechen Institutiounen ass der Regierung e wichtegt Uleies. An deem Kontext ass virgesinn, de Sécherheetsfirmaen beruffsspezifesch Initiatiounscoursë fir hir Mataarbechter ze recommandéieren an hinne gutt Beispiller vun esou Formatiounen ze weisen.