Een Deontologiekodex fir d’Kënschtler?

De Kulturministère ass amgaang, een Deontologiekodex fir Kënschtler auszeschaffen. Vun Acteuren aus der Konschtzeen gëtt gefaart, dass de Kulturministère sech mat dësem Kodex als moralesch Instanz wëll positionéieren an dass de Kodex ee staatlechen Agrëff an d’Konschtfräiheet bedeit, well de Kulturministère all d’Acteuren, déi staatlech Finanzhëllefe kréien oder kréie wëllen, zu engem gemeinsame Wäertekanon mat entspriechende Verhalensreegele verflicht. A wat geschitt da lo mat Kënschtler, déi aner Wäerter vertriede wéi d’Regierung?

Deel dëse Post: