Een “Aktiounsplang” géint Demonstranten

Am Kontext vun der Demonstratioun géint d’Corona-Moossname vun der Regierung, déi de Samschdeg, 11. Dezember 2021, an der Stad Lëtzebuerg stattfonnt huet, huet den Här Staatsminister op senger Facebook-Säit geschriwwen:

„E grousse Merci un Police Luxembourg an hir Kolleegen aus der Belsch, déi gëschter verhënnert hunn, datt Haass a Gewalt sech ongestéiert zu Lëtzebuerg ausbreede kënnen. D’Regierung hëlt de Phänomen vun der Polariséierung an der Radikaliséierung vun engem Deel vun eiser Gesellschaft eescht. Dofir wäerte mir zesumme mat all den zivillen a politeschen interesséierten Acteuren – mat der Ënnerstëtzung vun Experten aus dem In- an Ausland – en Aktiounsplang ausschaffen, fir dëse Problem an de Grëff ze kréien.“

U wat fir „Experten aus dem In- an Ausland“ denkt hien dobäi konkret? A wéi ginn déi ausgesicht?

Deel dëse Post: