Ee Referendum fir eng nei Verfassung?

Dank dem Asaz vun der ADR ass d’Fro vun engem Referendum. Mee amplaz de Wee vun der Vernonft ze beschreiden an zu hiren entspriechende Walverspriechen zeréckzekréien, bunkere Gambia an d’CSV sech säit Méint an enger Parallelrealitéit an a probéieren de  Bierger d’Liewen, trotz eenzele Revirementer vu Säite vun der CSV, de Referendum mat ëmmer méi Paragraphe quasi onméiglech ze maachen. Eng besonnesch perfid Method ass déi Opdeelung vun der neier Verfassung a véier Deeler, iwwert déi all eenzel soll ofgestëmmt ginn. Fir iwwert déi integral Verfassung matzebestëmmen, missten d’Bierger theoreetesch véier Mol op d’Gemengen ënnerschreiwe goen. De Fernand Kartheiser wollt duerfir an enger dréngender parlamentarescher Fro wëssen, ob d’Regierung sech net virstelle kéint, an engem Referendum iwwert déi véier Deeler ofzestëmmen. Mir waarde gespaant op hir Äntwert, souguer wann de Chamberspresident hei vëlleg onverständlecherweis keng Drénglechkeet gesäit.

Deel dëse Post: