Ee Musée kritiséiert Demonstranten

An engem „Oppene Bréif un d’Manifestanten vum leschte Samschdeg“ kritiséiert de Musée national de la Résistance et des Droits Humains d’Demonstranten, déi de Samschdeg, 4. Dezember 2021, géint d’Corona-Moossname vun der Regierung proadréiert hunn. An dësem Bréif gëtt net ënnerscheet tëscht der Majoritéit vu friddleche Manifestanten an deenen, déi hire Proadr op eng net friddlech Manéier ausgedréckt hunn. Pauschal ginn d’Demonstrante mat deene Persoune verglach, déi uganks 2021 de Kapitol zu Washington gestiermt hunn. Ass et mëttlerweil d‘Aufgab vun de Muséeën, sech an „oppene Bréiwer“ zu gesellschaftspolitesche Sujeten ze äusseren, bzw., wat hei de Fall ass, d’Regierungspolitik ze validéieren?

Deel dëse Post: