Ee kritesche Bléck op d’Reform vun der Fleegeversécherung

A senger Interventioun vum 12. Juli iwwert d’Reform vun der Fleegeversécherung betount de Gast Gibéryen déi historesch Dimensioun vum Aféiere vun der Fleegeversécherung am Joer 1998. Den ADR-Deputéierte schwätzt an deem Kontext vun engem soziale Meilesteen: D’Fleegeversécherung ass ee Sozialinstrument, wat eng grouss Solidaritéit a sech dréit well all Mënsch, deen op Fleeg ugewisen ass, op déi selwecht Manéier behandelt gëtt an et ebe keng sektoriell Ënnerscheeder beim Bezéie vun där Versécherung ginn.
Léit, déi am Beräich vun der Fleeg schaffen, leeschten Dag fir Dag eng schwéier, wäertvoll an nobel Aarbecht an dofir, sou de Gast Gibéryen, däerf  kee Geld ze rar sinn, fir d’Fleeg op engem héijen Niveau ze halen a soumat de Betraffenen ee mënschewierdegt a qualitativ héichwäertegt Liewen ze garantéieren.

An deem Sënn begréisst den ADR-Deputéierten déi sëlleche Verbesserunge bei der Reform vun der Fleegeversécherung, werft awer zugläich ee kritesche Bléck op eng Rëtsch Aspekter vum Gesetzesprojet, déi an den Ae vun der ADR zu enger Verschlechterung vun der Qualitéit bei der Fleeg féieren kënnen. Hei sief virun allem d’Reduzéiere vun der Stonnenzuel bei der Begleedung vun eelere Leit bei alldeeglechen Aktivitéiten vu sechs op véier Stonnen ze nennen. Et ass eng Fro vun der Dignitéit a vun der Liewensqualitéit vun de betraffene Persounen, datt se un Aktivitéiten, wéi z.B. akafe goen, na esou laang wéi méiglech kënnen deelhuelen. Och d’Aféiere vun engem 15-Punkteplang fir de Fleegegrad ze bestëmme stéisst net iwwerall op Begeeschterung. Léit, déi um Terrain selwer schaffen, schwätzen dovun, datt dëse Punkteplang méi Konfusioun ewéi Transparenz schaaft. D’Formation continue fir d’Mataarbechter am Fleegesecteur ass op sechs Stonne pro Joer festgeluecht, eng ze geréng Zuel an den Ae vun der ADR.

Et kann een also resuméieren, datt d’Reform vun der Fleegeversécherung nieft ville Verbesserunge och kritesch ze bewäerten ass. An deem Sënn huet sech d’ADR bei der Ofstëmmung enthalen.

Deel dëse Post: