Ee kloren Nee zur Verfassungsännerung!

D’ADR bleift bei hirem Nee zur Verfassungsreform. A klore Wierder verweist de Roy Reding op déi sëlleche Problemer vun där Gesetzesreform. Et ass ee Gesetz, wat d’Regierung ermächtegt, ouni den Avis vun der Chamber ze legiferéieren. Ouni legitim Ursaach kéinten deemno an Zukunft Durchsichungen vu Persounen duerchgefouert ginn. D’ADR ass kloer géint all Aschränkung vun de perséinleche Fräiheeten. Natierlech mussen enger Regierung wierksam Mechanismen géint Terrorismus a Kriminalitéit zur Verfügung stoen. Den ADR-Deputéierten plädéiert deemno dofir, datt mer haut schon iwwert de normale rechtsstaatleche Wee an der Chamber Gesetzer op de Wee bréngen, déi kloer définéieren, wéini a wéi eng Regierung am Fall vun enger akuter Bedrohung ze réagéieren huet.

Den Transfer vum legislativen Pouvoir vun der Chamber un egal wat fir eng Regierung ass an den Ae vun der ADR inaktzeptabel! 

De Roy Reding warnt virun de Geforen vun enger Verfassungsännerung (Video ‘2’28”).

Kuckt Iech hei och den Artikel vum Mee iwwert d’ADR-Pressekonferenz zum Thema Verfassungsreform un.

Deel dëse Post: