Educateuren: nee zu 6 Stonne bezuele fir een Dag bei de Kanner ze sinn

Den 11. November huet den Educatiounsminister eng Instruktioun (instruction ministérieiie) eraus ginn, an där d’Tâche vun den Educateuren an de graduéierten Educateuren präziséiert gëtt. Dorausser geet ënner anerem ervir, datt Educateuren aus der Grondschoul, déi ganz Deeg mat de Kanner Aktivitéite maachen, z.B. de Weekend, nëmme méi 6 Stonne pro Dag ugerechent kréien.

D’ADR huet kee Versteesdemech dovir, datt Educateuren déi de ganzen Zäit mat Kanner verbréngen, déi sënnvoll Beschäftegen an och fir dës d’Verantwortung droen, dofir net anstänneg bezuelt ginn. Do besteet de Risiko, datt net nëmmen d’Educateuren ze kuerz kommen, mee och datt „Kolonien“ an aner Aktivitéiten nieft dem normalem Schoulunterrecht gestrach ginn. Domadder ginn dann an éischter Linn d’Kanner bestrooft!

Dowéinst hat de Fernand Kartheiser de 16. Dezember 2015 em Minister eng parlamentaresch Fro gestallt. A senger Äntwert schreift de Schoulminister Claude Meisch, hie géif dat „net als eng Saach vu bezuelen“ ugesinn. A weider: „An deem Kontext well ech un all Membere vum Schoulpersonal erënneren, déi mat de Schoulkanner, mat vill Idealismus an engem bewonnerenswäerten Engagement, all Joer op Ausflich oder/an a Kolonië vun e puer Deeg ginn, an dat am Kader vun hirer regulärer Tâche“.

D’ADR ass mat esou Aussoen net averstanen, a fuerdert de verstäerkten Asaz vun Educateuren (an anerem Schoulpersonal) an der Grondschoul, dëst an engem Ëmfeld wat ëmmer méi schwiereg gëtt. Duerzou gehéiert och, datt net nëmmen den Idealismus zielt, et ass och “eng Saach vu bezuelen”.

Deel dëse Post: