Eclat an der Chamber

Als Reaktioun op d’Ried zur Lag vun der Natioun vum Premierminister ass de Fernand Kartheiser och op d’Immigratiounsproblematik agaangen an huet de Jean Asselborn als Schutzpatréiner vun de Mënscheschleiser bezeechent – zu Recht: Mat senger Politik ënnerstëtzt de Bausseminister déi illegal Immigratioun, vun där an éischter Linn kriminell Schlepper- a Schleiserbande profitéieren. Der Regierung war dat ze vill – si huet gedreet, de Sall ze verloossen an de Chamberpresident Fernand Etgen huet doropshin den ADR-Deputéierte verwarnt.

D’Verhale vun der Regierung reit sech an an eng laang Serie vu Respektlosegkeete géintiwwer dem Parlament. D’ADR wäert hir Politik op alle Fall ouni Aschüchterung weiderféieren. E weidert Thema, op déi dat Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 9. Mee agaangen ass, war d’Familljepolitik. Gambia2 probéiert notamment och duerch hir Steierpolitik de Familljemodell, wou d’Kand doheem erzu gëtt, ze zerstéieren. Fir d’ADR ass och kloer, datt et keng Kommerzialiséierung vum Kand däerf ginn – e Kand ass keng Wuer!

 

Deel dëse Post: