E weidere schwéiere Schlag fir de Lëtzebuerger Modell?

Lëtzebuerg gehéiert nieft der Schwäiz a puer anere klenge Staaten zu deene wuelhabenste Länner weltwäit. Dëst net zulescht, well mir eisen Entreprisen trotz vill Géigebeweegung duerch Gambia ëmmer nach e wichtege Fräiraum zur Entfalung loossen. Dësen “Lëtzebuerger Modell” deen eis iwwer Joerzéngten eng generéis Ëmverdeelung ouni Staatsscholden erlaabt huet, geréit awer op en neits ënner Drock, dës Kéier duerch déi vun der amerikanescher Regierung gefuerdert, global Vereenheetlechung vun de Mindeststeiersätz fir Entreprisen. Wéi reagéiert d’Regierung dorop a virun allem, wéi eng Kompensatiounsmoossname si virgesinn, falls dës fatal Entscheedung sech aussepolitesch net stoppe léisst?

Deel dëse Post: