E Vëlosparcours fir d’Guinessbuch vun de Rekorder

E Méindeg huet de Gemengerot aus der Stad Lëtzebuerg, géint d’Stëmm vun der ADR-Conseillère Marceline Goergen, en Devis vun 1,5 Milliounen Euro gestëmmt… fir 300 Meter Vëlospiste. Mam stolze Präis vun enger hallwer Millioun fir 100 Meter Piste bréngt dës Piste et sécher bis an d’Guinessbuch vun der Rekorder. Dobäi ass de Wee kaum fir den deegleche Gebrauch vum Vëlo gëeegent, kéint dofir awer mat enger Steigung vu bis zu 10% als Trainingspiste fir eis Grimpeure benotz ginn déi sech fir den Tour de France virbereeden.

Eemol méi huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg eng Decisioun géint de gesonde Mënscheverstand geholl, an d’Steiergelder gi mat der grousser Schëpp duerch d’Fënstere geworf. Et kann net sinn, datt 1,5 Milliounen an e kuerze Vëloswee gestach ginn. Dëst ass ëmsou méi wouer, wou dës Piste nëmmen enger Minoritéit vu gutt trainéierte Cyclisten ze gutt kënnt.

De Schäfferot argumentéiert, d’Piste géif de Wee tëschent dem Pafendall (mat enger nationaler Vëlospiste) op de Kierchbierg verkierzen. Dobäi ass, och fir d’Vëlosfuerer, eng Alternativ tëschent dem Pafendall an dem Kierchbierg schonns am Bau: déi nei Seelbunn! D’Seelbunn soll iwwregens nach virun der Vëlospiste a Betrib goen. Et wäert wuel keen Cyclist den Ëmwee maachen, als éischt mam Lift op de Plateau hannert dem Pescatore ze fueren, fir dann e Cyclocrossparcours vun 300 Meter ze meeschteren an duerno iwwert d’rout Bréck ze pedaléiere fir um Kierchbierg unzekommen. Mat der Seelbunn geet et direkt vum Pafendall bis bei d’BEI, ouni an d’Pedallen ze drécken.

De Parcours respektéiert och net d’Recommandatioune fir eng Piste cyclable unzeleeën. A Richtung rout Bréck muss de Vëlosfuerer, no enger Steigung vu 6% nach eng vun 10% meeschteren! Dëst ass esouguer fir gutt trainéiert Cyclotouristen eng sportlech Erausfuerderung. Och den Tracé mat enke Kéieren eegent sech méi fir de Cyclocross wéi fir de Vëlo am Alldag.

D’ADR Sektioun Stad verlaangt dofir, datt de Projet zeréck gezu gëtt! Et gëtt villes, och am Beräich doucer Mobilitéit, wat ee mat 1,5 Millioune kéint upake mat sécher engem vill gréisserem positivem Impakt fir d’Bierger.

Pressematdeelung vun der ADR-Sektioun Stad – 28. Januar 2016

Deel dëse Post: