E-Subventiounen – alles ok, oder …?

Fir sech Kloerheet iwwer d’Subventiounspolitik bei E-Auto ze verschafen, huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt. Et geet net ëm déi erwisen ëmweltschiedlech Aspekter vun der Produktioun an dem Recyclage vun E-Autoen, déi a verschiddene wëssenschaftlechen Etüden thematiséiert gi sinn. Den ADR-Deputéierte freet, ob dës Subventiounen net de Maart verzerren a wéi wäit si EU-kompatibel sinn  an eventuell vun anere Wirtschaftsorganisatioune konadréiert ginn. Och wëll de Fernand Kartheiser wëssen, wéivill Steiersuen bis ewell fir Subventioune vum E-Auto ausgi gi sinn.

Fro

D’Lëtzebuerger Regierung subventionnéiert massiv d’Elektromobilitéit. Heizou wéilt ech deenen zoustännege Ministeren dës Froe stellen:

  1. Ass déi eesäiteg Subventionéierung vun Elektroautoen net eng Verzerrung vum (fräie) Maart? Wéi wäit ass dat mat den EU- Regelen compatibel? Wat seet d’OECD zu dëser Praxis, a gëtt et Protester vun Net-EU-Länner?
  2. Wéi laang wëll d’Lëtzebuerger Regierung mat der Subventiounéierung vun E-Autoen nach virumaachen?
  3. Wéi vill Sue huet, zënter hirer Aféierung, d’Subventionéierung vum Elektroauto Lëtzebuerg kascht?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vun der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, dem Här Wirtschaftsminister, dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an der Madamm Finanzministesch op d’parlamentaresch Fro n°5732 vum 10. Februar 2022 vun dem éirewäerten Députéierten Här Fernand Kartheiser iwwert “Subsides pour la promotion de l’électromobilité”

 

  1. Ass déi eesäiteg Subventionéierung vun Elektroautoen net eng Verzerrung vum (fräie) Maart? Wei wäit ass dat mat den EU- Regelen compatibel? Wat seet d’OECD zu dëser Praxis, a gëtt et Protester vun Net-EU-Länner?

 Et besteet Konsens datt den Iwwergank zur Klimaneutralitéit muss acceleréiert ginn, ënner anerem duerch een Zesummespill vu finanziellen Ureizer a gesetzleche Verflichtungen. Dës Opfaassung gëtt och um Niveau vun der Europäescher Unioun gedeelt. De Programm vun de Subventioune passt optimal an den EU Green Deal, a gouf och als Deel vun der Relance verte vun der Europäescher Kommissioun akzeptéiert. D’OECD, an hirem « Examen des performances environnementales du Luxembourg », begréisst datt Lëtzebuerg dës Subventionéierung agefouert huet: « Une demande plus forte est nécessaire pour élargir les marchés des biens et services plus propres […] Les principaux obstacles à l’éco-innovation sont le marché intérieur restreint et la demande encore faible pour les technologies, produits et services plus écologiques. Des mesures telles que les subventions en faveur des voitures et des vélos électriques et l’obligation que tous les nouveaux bâtiments soient à consommation d’énergie quasi nulle contribuent à stimuler la demande pour des solutions de transport et de construction plus propres. ». Enn 2021 hunn 17 Länner aus der europäescher Unioun de Kaf vun elektreschen Autoe finanziell ënnerstëtzt. Do dernieft kommen nach bal an all Memberstaat steierlech Avantagë fir Elektroautoe. Protester vun Net-EU-Länner si net bekannt.

2.      Wéi laang wëll d‘Lëtzebuerger Regierung mat der Subventiounéierung vun E-Autoen nach virumaachen?

D’Subventioune si rezent verlängert gi fir eligibel Gefierer mat engem Kafkontrakt dee bis den 31. Mäerz 2024

ofgeschloss gëtt. D’Situatioun wäert zu deem Zäitpunkt dann nei evaluéiert ginn.

3.      Wéi vill Sue huet, zënter hirer Aféierung, d’Subventionéierung vum Elektroauto Lëtzebuerg kascht?

Bis zum 1. Mäerz 2022 goufe knapp 34 Milliounen Euros u Subsiden fir Elektrogefierer ausbezuelt. Et sief och nach emol drun erënnert datt net nëmmen Elektrogefierer finanziell ënnerstëtzt ginn, mee déi emissiounsfräi Mobilitéit insgesamt, mat ënner anerem dem Vëlo an dem Pedelec esou wéi och déi mat Waasserstoff bedriwwe Gefierer.

Deel dëse Post: