E Staatsakt däerf net fir politesch Zwecker mëssbraucht ginn!

Datt eng Natioun op hir  eege Geschicht zeréckkuckt, an datt wichteg Anniversairen deementspriechend och gefeiert ginn, ass eng absolut Noutwennegkeet. Vum Prinzip hir kann d’ADR et also just begréissen, datt gëschter un 175 Joer Onofhängegkeet a méi genee un d’Verträg vu London erënnert gouf.

Et ass allerdéngs inakzeptabel, datt esou en Evenement mëssbraucht gëtt fir parteipolitesch Positiounen ze promouvéieren. D’ADR muss nämlech feststellen, datt et ee roude Fuedem gouf: d’Fuerderung nom Auslännerwalrecht. D’Aussoen, déi gëschter dozou gemaach goufen an déi zum Deel net an der geschriwwener Versioun vun de Riede virgesi waren, empfënnt d’ADR als absolut deplacéiert.

Grad am Kader vun esou engem Staatsakt mussen sech esouwuel de Chamberspresident ewéi och de Premierminister bewosst ginn, datt se net just hir Parteiunhänger vertrieden. Vill Bierger sinn, grad ewéi d’ADR, géint d’Auslännerwalrecht bei de Chamberswalen. Et ass schlëmm genuch, datt d’Regierung zënter e puer Wochen ëmmer méi a Fro stellt, datt an zwee Joer d’Lëtzebuerger iwwert de Wee vum Referendum zu dësem wichtege Sujet ëm hir Meenung gefrot ginn. Et kann net sinn, datt d‘Dräiercoalitioun och nach e Staatsakt fir politesch Zwecker mëssbraucht.

Am Hibléck op Nationalfeierdag warnt d’ADR viru weideren ähnleche Situatiounen a fuedert déi concernéiert Acteuren op, keng Parteipolitik méi op esou Evenementer ze bedreiwen!

Deel dëse Post: