E staarkt Europa ass en Europa vun de Natiounen!

A senger Interventioun vum 1. Mäerz betount den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser, datt en Europa vun de souveränen Natiounen zu enger Stäerkung vun der gesamter Europäescher Unioun féiert. Et däerf an deem Sënn net zu enger illegaler Vergemeinschaftung vun de Scholde kommen an och an der Migratiounsfro muss all Staat fir sech entscheede kënnen, wéi e Wee ee wëll goen. Eng illegal Migratioun um europäesche Kontinent ass iwwerdeems net ze toleréieren. Déi europäesch Staate sollen a kënnen a ville politeschen a gesellschaftleche Beräicher zesummeschaffen. Eng kompetitiv europäesch Industriepolitik ass dobäi de Garant fir eng Zukunft vum Wuelstand. D’ADR hëlt iwwerdeems d’Natur- a Klimaschutzpolitik ganz eescht. Mir sinn et den zukünftege Generatioune schëlleg, en intakte Klima- an Naturraum ze hannerloossen. Dobäi däerfen d’Staaten net op de Wee goen, fir Klima- an Naturschutzpolitik um Bockel vun deene Leit auszedroen, déi souwisou well finanziell manner gutt gestallt sinn. D’Politik vun der ADR ass och an deem Beräich gekennzeechent duerch Vernonft an Aemooss an net duerch blann Ideologie, déi iwwerdeems näischt zur Verbesserung vum Klima- an Naturschutz bäidréit.

Deel dëse Post: