E souveräne Loftraum iwwer dem Findel oder Delokaliséiierung

Scho méi laang gëtt am Transportministär iwwerluecht, d’Iwwerwaachung vun der Landeapproche vun de Fligeren um Findel ze delokaliséieren a mat internationale Partnerfirmen ze maachen. Fir d’éischt sollt dat d’Belsch sinn an elo tendéiert et no Däitschland. Eng Situatioun, mat där awer déi Haaptbetraffen, nämlech d’Kontrolleren, net d’accord sinn. Si hunn eng ganz Rëtsch Grënn,  firwat dat keng gutt Léisung ass, wann zu Frankfurt oder Bréissel decidéiert gëtt, wéini hei e Rettungshelikopter daarf an d’Luucht goen.

Keng Landetaxen, oppen Dir fir Nuetsflich

D’Lëtzebuerger Regieurng huet och d’Landetaxen um Findel ofgeschaaft. Dat bedeit manner Annamen, och fir deen Service, dee fir d’Fluchlotsen zoustännech ass. Et hëllt dem Findel awer virun allem d’Méiglechkeet, duerch méi deier Nuetstaxen d’Notzung vun de Pisten ze steieren a verlagert den Trafic méi an d’Owes- a fréi Mueresstonnen.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet sech deem Thema scho méi laang ugeholl: Hei seng dräi lescht Initiativen, an deenen hie sech un d’Regierung adresséiert, an zwar:

 

Deel dëse Post: