E Schlag an d’Gesiicht fir de ländleche Raum!

D’Spuerkeess, déi zu 100 Prozent dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, huet annoncéiert, 11 Bankfilialen uechtert d’Land zouzemaachen. Op der anerer Säit bretzt d’Regierung sech, de ländleche Raum opwäerten ze wëllen. Et geschitt also just de Contraire. An enger dréngender parlamentarescher Fro wëll den Nord-Deputéierte Jeff Engelen wëssen, ob de Finanzminister elo bereet ass, ze intervenéieren.

       “D’Froe vum honorabelen Deputéierten si schonns mat der Äntwert op d’Fro N°1863 vum
         honorabelen Deputéierten Marc Spautz beäntwert.”

Deel dëse Post: