E Regëster fir Leit, déi ënner Tutelle gestallt ginn

Këmmert sech d’Regierung ëm de Wonsch vu Leit, déi ënner Tutelle gestallt ginn? De Roy Reding freet no.

Fro:

Am aktuelle Koalitiounsprogramm vun der Regierung heescht et am Zesummenhang mat der „Protection des majeurs incapables“:

« La législation nationale sera adaptée en vue de la mettre en conformité avec les standards définis par la Convention de l’ONU relative aux droits de la protection des personnes handicapées. Il sera procédé à une refonte complète du droit national de la protection des majeurs avec pour finalité le renforcement de l’autonomie des personnes sous le coup d’une mesure de protection. La Convention de La Haye du 13 janvier 2000 sur la protection internationale des adultes sera ratifiée. Les personnes et institutions qui assument la responsabilité d’être tuteurs verront leurs activités mieux définies sur le plan juridique, institutionnel et matériel. »

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Regierung:

  • Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, en „Registre de tutelle“ anzeféieren, deen et enger Persoun erlaabt, soulaang se nach bei klorem Verstand ass, ze soen, wee si sech als Tuteur wënscht fir de Fall, wou si ënner Tutelle gestallt géif ginn?
  • Wéi eng Mesuren huet d’Regierung säit 2018 ënnerholl, fir déi am zitéierten Extrait formuléiert Verspriechen ëmzesetzen?
  • Firwat huet Lëtzebuerg déi am Extrait zitéiert Haager Konventioun vum 13.1.2000 nach net ratifizéiert (Quell: https://www.hcch.net/fr/instruments/conventions/status-table/?cid=71 )? Ass dru geduecht, dat nach, wéi am Koalitiounsprogramm virgesinn, virun den nächste Chamberwalen ze maachen?

Äntwert:

Ad 1:
De Projet de loi n°8133, deen den 11. Januar 2023 an der Justizkommissioun virgestallt gouf,
proposéiert mam “mandat de protection future” e neit Instrument anzeféieren, wat et de Bierger
erlaabt am viraus d’Protektioun vun hirer Persoun an hierem Besëtz z’organiséieren. Konkret kann de
Mandant ënnert anerem désignéiere wien Tuteur ka ginn a wien vun der Tutellescharge ausgeschloss
ass.
Et ass virgesinn, dass d’ ”mandats de protection future” obligatoresch ageschriwwe musse ginn an
engem zentrale Regëster um Répertoire civil. D’Aféierung vun engem zousätzlechem “registre de
tutuelle” erschéngt ënnert dësen Ëmstänn nët nëtzléch.

Ad 2:
D’Regierung huet sech engagéiert d’Konventioun vun der UNO iwwert d’Rechter vun behënnerten
Persounen (CRDPH) duerch de Plan d’action national 2019-2024 ëmzesetzen.
Dësen Aktiounsplang ass vum Regierungsrot den 20. Dezember 2019 ugeholl ginn a gesäit 29
Prioritéiten, 55 Objektiver a 97 Aktioune vir, déi déi concernéiert Ministèren ëmsetze sollen. An dësem
Kader huet de Justizministère konkret Aktiounen opgelëscht fir d’Ëmsetzung vum Artikel 12 vun der
CRDPH. D’Unzuel vun den Tutellesriichter ass erhéicht an e Projet de loi betreffend d’Afféierung vum
“mandat de protection future“ ass de 4. Januar 2023 deposéiert ginn. Déi aner Elementer aus dem
Plan d’action national ginn an engem Avant-projet de loi ëmgesat, den den Ament vum Justizministère
ausgeschafft gëtt.

Ad 3:
Et ass envisagéiert d’Konventioun vun Den Haag iwwert den internationale Schutz vun Erwuessenen
ze ratifizéiere wann béid Projets de loi vum Législateur ugeholl gi sinn.

 

Deel dëse Post: