E realistesche Bléck op den ëffentlechen Déngscht

D’ADR huet de Gesetzesprojet vum 17. Juli, dee fir eng Flexibiliséierung am ëffentlechen Déngscht suerge soll, matgestëmmt. De Fernand Kartheiser vermësst am Gesetzestext allerdéngs e realistesche Bléck op d’Fonction publique. Ass et sou z.B. wierklech sënnvoll, datt de Beamten neierdéngs ëmmer eng speziell Autorisatioun ufroe muss, fir Iwwerstonnen ze leeschten? Den ADR-Deputéierten erënnert drun, datt den ëffentlechen Déngscht op den Engagement an d’ Motivatioun vun de Mataarbechter ugewisen ass an een hei net Zäit onbedéngt a Minutte rechne soll. Et däerf och ënnert kengen Ëmstänn zu enger Politiséierung vum ëffentlechen Déngscht kommen, esou de Fernand Kartheiser.

Deel dëse Post: