E Putsch géint d’Demokratie

„A 27 Joer Chamber hunn ech esou eppes nach net erlieft“, huet de Gast Gibéryen en Dënschdeg, de 16. Dezember 2015 an der Chamber festgehalen. De Budget a 14 weider Gesetzer muss d’Chamber an der där Woch duerchbaatschen. Dorënner sinn och 4 wichteg Projeten, wou et ëm d’Finanzplaz an ëm d’Stéiere geet. Dobäi huet d’Majoritéit all Debat a Froen an der Kommissioun verweigert, wourops hinn d’Oppositioun, och d’ADR, de Sëtzungssall vun der Kommissioun verlooss hat. An der Chamber gouf gefrot, déi 4 Projeten déi net uerdentlech an der Finanzkommissioun behandelt gi si vun der Dagesuerdnung vun der Plenarsëtzung erof ze huelen.

„Hei si Projeten, déi e bemol, no 12 Auer, nach séier banne 5 Minutte virgestallt goufen. Du war et eriwwer!“ huet den ADR-Deputéierte festgehalen. All déi Froen,déi zou de 4 Projete komm sinn, all déi Avisen, och déi vum Conseil d’Etat, d’Rapporten an de de Vote sollten am Hauruckverfahren duerchgebaatscht ginn. Et koum nach schlëmmer! De Gast Gibéryen: „Wann dann d’Majoritéit refuséiert, mat den Deputéierten ze schwätzen, wann en Deputéierte vun der Majoritéit seet, dir stëmmt jo souwisou dogéint, da brauche mer net mat Iech ze schwätzen, dat hunn ech a mengem Liewen nach net matgemaach.“

D’Parlament an enger Demokratie besteet doranner, dat kontrovers diskutéiert gëtt. Majoritéit a Regierung mussen och an de Kommissioune Fuerf bekennen an Äntwerten op Froen ginn déi vun der Oppositioun kommen.

„Et ass e Putsch vis-à-vis vum Parlament, et ass och e Putsch vun der DP vis-à-vis vun hire Koalitiounspartner. Och d’Kollege vun de LSAP an Déi Gréng hunn domm aus der Wäsch gekuckt, well déi woussten och net, wat an de Projeten dra géif stoen“ huet de Gast Gibéryen ze bedenke ginn. Sozialisten a Gréng si sécher och dovunner iwwerrascht ginn, datt d’Verméigenssteier op Betriber ab engem Kapital vu 500 Milliounen Euro vun 0,5 op 0,05 Prozent erof gesat gëtt.

Deel dëse Post: