E moderne Staatsrot!

Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

De Staatsrot spillt zu Lëtzebuerg eng wichteg Roll am legislative Prozess. Iwwerdeems déi gewielt Volleksvertrieder sech normalerweis op déi politesch Froe vun de Gesetzesprojete konzentréieren, ass d’Aarbecht vum Staatsrot prioritär op déi juristesch Qualitéit vun den Texter ausgeriicht.

D’ADR wëll och un dësem Prinzip festhalen, well d’Erfarung weist, datt de Staatsrot an der Vergaangenheet duerch seng Avise vill handwierklech Feeler an Entgleisungen an de Regierungsprojete verhënnert huet.

D’ADR ass awer net zefridde mat dem institutionelle Position-nement vum Staatsrot. Duerfir soll de Staatsrot an Zukunft vun der Regierung ewechkommen an als berodend Organ bei der Chamber ugesidelt ginn.

D’Nominatiounsprozedur vun de Membere vum Staatsrot muss och geännert ginn. Bis elo huet dat sou funktionéiert, wéi dat eben am CSV-Staat ass. D’Regierungsparteien handelen dat ënner sech aus, an da kënnt et och alt vir, datt Politiker an de Staatsrot „entsuergt“ ginn, well dat der “alleinseligmachender” CSV grad sou passt. Méi kleng Parteien, déi opgrond vun hirem Walresultat och een oder zwee Sëtz am Staatsrot zegutt hätten, ginn iwwergaangen, well den Här Juncker dat sou decidéiert huet. D’ADR kéint doriwwer e Buch schreiwen.

Sou en Anachronismus fënnt ee just an Diktaturen an a Banannerepublicken. Duerfir soll der ADR no d’Ernennung vun de Staatsréit nach just vun der Chamber virgeholl, an d’Prozedur muss kloer an demokratesch definéiert ginn. Als Basis fir d’Opdeelung vun de Mandater no politesche Famillje sollen d’Walresultater vun deene leschten dräi Walen déngen.

Natierlech däerf de Staatsrot net mëssbraucht ginn, fir politescht Personal ze entsuergen. D’ADR leet Wäert drop, datt déi meescht Staatsréit gutt Juriste solle sinn, déi d’Kapazitéit hunn, d’Texter no verfassungsrechtlechen, legalisteschen a juristeschen Aspekter ze kontrolléieren. De Staatsrot muss och déi néideg finanziell a personell Mëttele kréien, fir seng Aarbecht optimal an a méiglechst kuerzen Delaie kënnen ze maachen.

Deel dëse Post: