Datt den Héichschoulministère digital Ënnerschrëften net ëmmer akzeptéiert, verwonnert, well dee Ministère jo och fir Digitaliséierung zoustänneg ass. D’Alexandra Schoos an den Tom Weidig froen no.
Fro:
An der Lëtzebuerger Verwaltung existéieren nach ëmmer inselkaartenaarteg Digitaliséierungsprozesser. Sou benotze bzw. akzeptéiere verschidde Servicer digital Ënnerschrëften, wärend anerer weiderhi just handschrëftlech Ënnerschrëften zouloossen.
An deem Kontext ass eis zu Ouere komm, dass a leschter Zäit verschidde Patronen a Schoulen sech driwwer beschwéiert hunn, dass „conférencier spécialisé“-Kontrakter, déi am Kader vun der BTS-Formatioun ofgeschloss a vun de Bedeelegten digital ënnerschriwwe goufen, vum zoustännegen Héichschoulministère net akzeptéiert gi sinn. De Ministère géif drop bestoen, dass all d‘Ënnerschrëften handschrëftlech ze leeschte sinn, obschonns d‘Schoulen entspriechend digital Formulare benotzen, déi vum Ministère selwer bereetgestallt ginn.
Dës Contrainte géif zu widderhuelten Neiausstellunge vun den Dokumenter, zu organisatoresche Verzögerungen, zousätzlecher Aarbechtsbelaaschtung an zu enger wuessender Veronsécherung bei alle Bedeelegte féieren.
An deem Zesummenhang hu mir follgend Froen un d’Madamm Minister:
- Aus wéi engem Grond akzeptéiert de Ministère digital Ënnerschrëften op „conférencier spécialisé“-Kontrakter aktuell net, obschonns d‘Schoulen entspriechend digital Formulare benotzen, déi vum Ministère selwer bereetgestallt ginn?
- Existéiert eng legal Basis, déi de Ministère zur Ofleenung vun digitalen Ënnerschrëfte verflicht oder berechtegt? Wa jo, wéi eng? A wéiwäit steet déi entspriechend Bestëmmung am Aklang mat den nationalen an europäesche Reegelen zur elektronescher Ënnerschrëft (eIDAS)?
- Wéi eng Aarte vun digitalen Ënnerschrëften (agescannt Ënnerschrëft, qualifizéiert elektronesch Ënnerschrëft, asw.) ginn aktuell vum Ministère akzeptéiert bzw. ofgeleent?
- Wéi vill „conférencier spécialisé“-Kontrakter goufen am lafenden an am vergaangene Joer opgrond vun der Aart/Form vun den Ënnerschrëften zréckgewisen?
- Wéi eng Moossname plangt de Ministère, fir sécherzestellen,
- dass Schoulen a Betriber kloer, eenheetlech a fiabel Informatiounen zur Gültegkeet vun digitalen Ënnerschrëfte kréien,
- an dass Kontrakter an Zukunft ouni onnéideg Verzögerungen ofgeschloss kënne ginn?
- Ass eng vollstänneg Digitaliséierung an domat och d‘Optioun vun enger elektronescher Ënnerschrëft bei den „conférencier spécialisé“-Kontrakter geplangt, sou wéi dat an anere staatleche Beräicher Praxis ass? Wa jo, bis wéini? Wann nee, firwat net?
Äntwert:
1.
Et sief virop vermierkt, dass de Ministère fir Fuerschung an Héichschoul de Moment amgaang ass, d’Digitaliséierung vu senge Prozesser a Prozedure weiderzedreiwen, an dat notamment op Basis vum Gesetz vum 4. Juni 2025 betreffend d’elektronesch Ënnerschrëft op administrativen Dokumenter. De Fortgang vun deenen Aarbechten hänkt natierlech all Kéiers vun der Komplexitéit vun der concernéierter Prozedur of. Zurzäit ass d’Prozedur fir d’Gestioun vun de Kontrakter vun de Prestataires externes (Intervenants externes a Conférenciers spécialisés) an de BTS Programmer nach net komplett digitaliséiert, an deem Sënn, dass déi Dokumenter, déi eng Ënnerschrëft vun dräi Parteien droen, nach net kënne vun Ufank bis zum Schluss op dem elektronesche Wee transitéieren, kontrolléiert an traitéiert ginn. Deemno ass à ce stade eng fully-digital Prozedur nach net méiglech, wat dozou féiert, dass am Prinzip d’Ënnerschrëften nach mussen handschrëftlech op besote Kontrakter gesat ginn. Dëst ass och am Aklang mat den Travaux parlementaires vum erwänte Gesetz vum 4. Juni 2025 betreffend d’elektronesch Ënnerschrëft op administrativen Dokumenter, wou am Rapport vun der Kommissioun festgehale ginn ass, dass am Prinzip, falls et net méiglech ass, dass all déi concernéiert Parteie mat enger Signature électronique qualifiée kënnen ënnerschreiwen a falls eng Prozedur nach net vollstänneg digitaliséiert ass, ee Mix vun elektroneschen an handschrëftlechen Ënnerschrëften u sech, aus Grënn vun der Rechtssécherheet, ze vermeiden ass. Deementspriechend ginn dann och d’Dokumenter vu staatlecher Säit, also vun den Direktiounen aus de Lycéeën, déi zoustänneg si fir d’Selektioun vun den externe Prestatairen, an dem Ministère de Moment nach manuell ënnerschriwwen. Bei de Prestataires externes, déi jo net permanent am Lycée sur place sinn, acceptéiert de Ministère aus Kulanzgrënn an aus Grënn vun der Simplification administrative och elektronesch oder gescannten Ënnerschrëften op den uewegenannten Dokumenter.
2.
Hei sief op d’Äntwert op d’Fro 1 verwisen.
3.
Hei sief op d’Äntwert op d’Fro 1 verwisen.
4.
Wärend dem Studiejoer 2024/2025 hate 56 Persounen e Kontrakt als Conférencier spécialisé. Iwwert déi Period ass kee Kontrakt “zréckgewisen” ginn. Fir dat lafend d’Studiejoer 2025/2026 sinn zu dësem Zäitpunkt 28 Conférencier-spécialisé-Kontrakter beim Ministère era komm. A 5 Fäll ass de Maacher Lycée gebiede ginn, de Kontrakt mat enger handschrëftlecher Ënnerschrëft vun engem Direktiounsmember nozeschécken (cf. Äntwert op Fro 1). Deemno ass an deem Zäitraum keen Dokument wéinst dem Feele vun enger handschrëftlecher Ënnerschrëft vun engem Conférencier spécialisé “zréckgewisen” ginn.
5.
An dësem Kontext sief op de Vademecum verwisen, deen um Internetsite vum Ministère accessibel ass a wou d’Lycéeën an déi extern Intervenanten all pertinent Informatioune fanne kënnen. Wann am Laf vun engem Studiejoer Neierungen an der Prozedur kommen, kritt all Lycée all wichteg Informatiounen och nach per Email matgedeeelt. De Ministère schafft zudeem drun, an Zesummenaarbecht mam CTIE, d’Formulairen op de Guichet.lu ze portéieren.
6.
Selbstverständlech ass eng vollstänneg Digitaliséierung vun dëser Prozedur geplangt an aktuell an der Ausaarbechtung. An dësem Kontext sief op d’Äntwert op d’Froen 1 a 5 verwisen.