E Gesetzprojet op Wanderschaft: Mä wou bleiwt den Déiereschutz?

An enger parlamentarescher Fro huet sech den ADR-Deputéierte Roy Reding gewonnert, firwat den zoustännege Landwirtschaftsminister e Gesetzprojet iwwer den Déiereschutz u Privatleit an -associatioune schéckt, ier de Projet un d’Parlament geet. De Minister berifft sech a senger Äntwert zwar op eng Kommissiounssëtzung a mengt, alles wier genee gaang, wéi an der Sëtzung gesot. Alles bis op en Detail … De wichtege Projet misst scho laang an der Chamber sinn, wann et dem Zäitplang nogeet, deen an der Kommissioun op den Dësch koum. Mä vum neien Déiereschutzgesetz ass an der Chamber nach keng Spuer.

Deel dëse Post: